Generalversammlung vun der Ouljer Musek mat Medailleniwwerreechung a Spendenaktioun

Viru kuerzem huet de Comité vun der Ouljer Musek op hier Generalversammlung an de Kulturzentrum zu Ouljen agelueden. A Präsenz vu 75 Membere konnt de President Raymond Lepasch d’Vertrieder vun der Betzder Gemeng dorënner de Buergermeeschter Edgard Arendt, d’Schäffen Fernande Klares a Patrick Lamhène, de Rot Jim Meisch an den UGDA Vertrieder Raymond Peters begréissen. Insgesamt zielt d’Ouljer Musek 42 aktiv Memberen, dorënner 14 Jugendmusikanten. Mat 17 musikaleschen Optrëtter, dorënner 3 Concerten mam Jugendorchester an engem Gemeinschaftsconcert mat der Menster Musek, der Organisatioun vun 10 weidere Manifestatiounen souwéi engem Veräinsausfluch konnt de Sekretär e gutt gefëllten Aktivitéitsrapport virleeën. Den Tresorier Pierre Paulus huet d’Finanze vum ofgelafene Joer presentéiert o konnt der Versammlung eng positiv Bilanz virleeën. D’Keesereviseuren Michèle Biel a Luc Girst konnten der Versammlung eng mustergülteg Comptabilitéit bestätegen an hunn d’Entlaaschtung vum Comité virgeschloen. De Raymond Peters, Member vum Zentralcomité vun der UGDA huet de Veräin fir seng villfälteg Aktivitéiten a seng gesond Finanzsituatioun gelueft. Den Dirigent Marc Garson huet sech bei de Musikanten an dem Comité fir déi gutt Ënnerstëtzung während dem ofgelafene Joer bedankt, an huet eng ofwiesslungsräich Saison mat engem interessanten musikalesche Programm an Aussicht gestallt. De Buergermeeschter Edgard Arendt huet den héije Stellewäert vun der Kultur am Gemengeliewen ervirgehuewen, an de Veräinsmemberen fir hire Beitrag heizou Merci gesot.
Folgend Auszeechnunge sinn vum UGDA Vertrieder verdeelt ginn:
Insigne (5Joer), Sandra Goedert .
Médaille de mérite en bronze (10 Joer) : Tessy Schmit.
Médaille de mérite en argent (25 Joer) : Steve Elcheroth, Tom Goedert.
Mat der Medaille de mérite en argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Joer UGDA Memberschaft si ganz besonnesch geéiert ginn: : Marie-Jeanne Molitor und Ernest Pierrard.
Zum Ofschloss vun der Versammlung huet de President den Erléis vun der Kollekt vum Chrëschtconcert, deen d’Ouljer Musek den 11. Dezember gespillt huet, plus e Beitrag aus der Veräinskees un de Paschtouer Guy Diederich, Stellvertrieder vum Parverband Widdebierg, iwwerreecht. De Betrag vun 1.500 € geet un d’Hëllefsaktioun vum Parverband an Zesummenaarbecht mat partage.lu "Nohalteg Landwirtschaft am Kongo“.