Medailleverdeelung a Spendenaktioun bei der Ouljer Musek.

De 14.Januar hat d‘Ouljer Musek op hier uerdentlech Generalversammlung an de Kulturzentrum vun Ouljen agelueden. A Präsenz vu 70 Membere konnt de President Raymond Lepasch d’Vertrieder vun der Betzder Gemeng an de Vizepräsident vun der  UGDA Gilbert Girsch begréissen. Insgesamt zielt d’Ouljer Musek 41 aktiv Memberen, dorënner 15 Jugendmusikanten. Den Aktivitéitsrapport vun 2017 war gutt gefëllt, mat 16 musikaleschen Optrëtter, dorënner 3 Concerten mam Jugendorchester, an engem Gemeinschaftsconcert mat der Menster Musek, der Organisatioun vun 10 weidere Manifestatiounen, souwéi engem Veräinsausfluch. Den Tresorier Pierre Paulus muss e liicht negative Bilan virleeën, bedéngt duerch d’Uschafen vun neien Instrumenter. Trotzdeem bleift finanziell Situatioun vum Veräin gesond.. D’Keesereviseuren Michèle Biel a Luc Girst konnten der Versammlung eng mustergülteg Comptabilitéit bestätegen.


Folgend Auszeechnunge sinn vum UGDA Vertrieder verdeelt ginn:

Insigne (5Joer): Robin Braun, Caroline Dahm, Elena Dahm, David Kieffer, Selwyn Weiland.

Médaille de mérite en bronze 10 ans : Marco Schmit.

Médaille de mérite en vermail 30 ans : Jessie Schmit-Braun.

Médaille de mérite en vermail avec palmette - 40  ans : Luc Girst


Zousätzlech Auszeechnungen fir verdëngschtvoll Joeren am Veräin :

Marco Schmit  - 10 Joer

Raymond Lepasch – 35 Joer

Jo Steffes – 35 Joer


Zum Ofschloss vun der Versammlung huet de President den Erléis vun der Kollekt vum Chrëschtconcert, deen d’Ouljer Musek den 17. Dezember gespillt huet, plus e Beitrag aus der Veräinskeess un de Paschtouer Guy Diederich, Stellvertrieder vum Parverband Musel a Syr, iwwerreecht. De Betrag vun 1.300 € geet un d’Hëllefsaktioun vum Parverband an Zesummenaarbecht mat partage.lu "Hëllef fir Jugendlecher zu Ségou am Mali“.