De Const Schwartz seet dem Beruffsliewen Äddi

No 40 Déngschtjore geet de Const Schwartz vun Uesweller, „Employé technique“ bäi „Ponts et Chaussées“, elo a seng wuel verdéngte Pensioun. Viru Kuerzem huet hien den Ufank vun der neier Etapp a sengem Liewen zesumme mat sengen Aarbechtskolleginnen a -kollege vum „Service Laboratoire“ vu Bartreng an der „Auberge du Village“ zu Dickweiler gefeiert. Bäi engem deftege Maufel an engem gudde Patt koum munch Anekdot op d’Tapéit an et goung de ganzen Owend lëschteg hir.

Datt dem Const d’Zäit a senger Pensioun net laang gëtt, duerfir suergt säi grousst Engagement am Pompjees- a Rettungswiesen. Niewent senge Verflichtungen als Comitésmember vun den Uesweller Pompjeeën, President vum Regionalverband Osten a Vizepresident vum Nationale Pompjeesverband, huet hien awer lo fest wëlles, méi dacks en Tour mat sengem E-Bike ze maachen.