Déi Uesweller Veräiner ënnerstëtzen d’Ukrain-Hëllef vun der Caritas

Ënner dem Androck vun de schreckleche Biller vum Krich an der Ukrain hat de „Club des Jeunes - Uesweller“ Buergsonndeg spontan beschloss, eng Këscht opzestellen, fir Sue fir d’Affer vum Krich an der Ukrain ze sammelen. No an no hunn all déi aner Duerfveräiner (d’Amicale vun de Pompjeeën, d’Amicale vum Club des Jeunes, d’Fraen a Mammen, d’Musik an d’Chorale Ste Cécile) sich dëser Initiative ugeschloss an de Solidaritéitsgeste vun de Jonke mat engem Don ënnerstëtzt.

A Presenz vum Rouspert-Mompecher Buergermeeschter Romain Osweiler hu Vertrieder vun den Uesweller Veräiner der Caritas Lëtzebuerg en Donneschdeg, de 17. Mäerz e Scheck vu 5 750 € iwwerreecht. D’Madamm Caroline Theves vun der Caritas huet op déi zwéi Schwéierpunkte vun hirer Ukrain-Hëllef higewisen: Ariichte vun engem Opfangzentrum fir Flüchtlingen a Moldawien (an Zesummenaarbecht mat der Caritas Moldawien) an Opnam vu ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg (ënner anerem an de Jugendherbergen zu Huelmes a Veianen, um Camping Fuussekaul zu Heischent, ...).