Gedenkfeier fir d’Affer vun der Ardennenoffensiv zu Uesweller

Den 3. Adventssonndeg steet Uesweller all Joer nees am Zeeche vun der Erënnerung un den Ufank vun der Rundstedt-Offensiv, de 16. Dezember 1944.

Virun enger Gedenkmass fir déi gefalen amerikanesch Zaldoten hunn d’Membere vun der Amicale vun de Lëtzebuerger Reservoffizéier (ANORL) zesumme mat de Vertrieder vun der US-Botschaft, dem Political a Military Chief Jennifer Van Ette an dem Chief Marine Kenneth Schopp, der Ostdeputéierte Carole Hartmann a de Membere vum Schäffen- a Gemengerot Rouspert-Mompech, Käerze beim Memorial ugefaangen, dat un déi amerikanesch Eenheeten erënnert, déi zu Uesweller an Ëmgéigend am Asaz waren.

No der Mass goufe Blumme bäi der Uesweller Schoul néiergeluecht, wou eng Plack un d’Offizéier an d’Zaldote vum 22. US-Infantry Regiment (Second Batallion) erënnert, déi déi feindlech Ugrëff vum 18. Dezember 1944 bis de 5. Januar 1945 ofgewiert an d’Stellung zu Uesweller gehalen haten.

No Riede vum ANORL-President René Olinger, vun der Madamm Jennifer Van Ette a vum Buergermeeschter Romain Osweiler huet de Paschtouer Luc Schreiner d’Plack geseent, an d’Chorale réunie Rouspert-Uesweller huet déi amerikanesch an déi lëtzebuergesch Nationalhymne gesongen.