Grouss Botz an der Gemeng Pëtschent

Viru kuerzem haten sech eng 185 fräiwëlleg Gemengenawunner zesummen fonnt fir sech un der grousser Botz an hirer Gemeng, ze bedeelegen. Ronderëm an an den Uertschaften Pëtschent, Biwels, Grooljen, Mierschent, Weller, Stolzebuerg an Nuechtmanescht gouf laascht d'Stroossen an Weeër gebotzt an den Dreck agesammelt. No dëser gelongener Aarbecht goufen si all zu Weller am Pompjeesbau mat enger gudder Zopp belount. Desweideren iwwerweist d'Gemeng, pro Awunner deen un der grousser Botz matgemaach huet, 10 Euro un Télévie.