Réiden/Atert: Wéi deemols schon beim läschten Konveniat versprach gin ass, hun sech d‘Schülerinnen vun 1975 bis 1977 viru kuurzem op en neis am Restaurant „Troterbatti“ zu Ierpeldeng un der Sauer getraf. Fir hiren 4. Konveniat och ze organiséieren, haaten d’Félicie Schartz an d’Léa Wingert di fréier Schoulkomerodinnen och häerzlich agelueden. Wärend dem gemeinsamem Mëttegiessen gouf d’Geleeënheet och genotzt fir schéin Erënnerungen aus der onvergiesslicher Jugend- a Schoulzäit auszetauschen. An enger Gedenkminut ass och un di verstuerwen Léiherin Ketty Elsen an d’Schülerin Ursula Koenig geduecht gin. No e puer angenehmer Stonnen, wou och vill gelaacht a gegëckst gin ass, war jidderren och direkt averstan, fir beim nächsten Treffen den 3. Oktober 2026 nees ze derbéi ze sin. (CR) (Foto: Charles Reiser)