Nei Trompett fir d’Schenger Musek

Den 20. Dezember hat Schenger Musek rëm hiren traditionelle Chrëschtconcert an der Kierch zu Remerschen. Musikalesch gouft d‘Publikum fir éischt mat engem klengem Concert vum Jugendensembel an dono vun der grousser Musek, verwinnt.

Dat Musikalescht war awer net dat eenzegt wat deen Owend Mëttelpunkt stoung. De Concert war näämlech och Kader fir d’Iwerreeschung vun engem neien Instrument. An zwar krut Joy Maurer eng nei Trompett, gesponsert vum Syndicat d’Initiative Burmerange(SIB). De President vum SIB, de Ben Homan, war et dann och deen déi Iwwerreeschung perséinlech iwwerholl huet.

Op dëser Plaz och namol en decke Merci vun der Schenger Musek un de SIB.