Äschermëttwoch am Réiserbann

Traditiounen erhalen ass eent vun den Objektiver, déi sech d'Réiserbänner Musek gesat huet. Fir d'17.Kéier hunn d'Membren vun der HMR op Äschermëttwoch Fësch gebak. 130 Sëtzplazen stinn am Museksall zur Verfügung, mee déi waren scho laang am viraus reservéiert. Gebake Fësch a Filet konnt een awer och beim Museksall ofhuelen.

Déi interesséiert Leit, déi dës Kéier net mat Zäit u waren, kënne mir tréischten:
notéiert iech de Karfreideg,22. Abrëll, do ginn et nees knuspreg gebake Fësch beim Museksall zu Réiser.

Weider Informatiounen : www.hmr.lu