Fréijorsgala13

Als Optakt zum Fréijorsgala huet de Jugend- an Ufängergrupp vun der Réiserbänner Musek, de RITMO REISERBANN gespillt.Houfreg sinn si op hir nei T-Shirten mat dem neie Logo, entworf vum Kary Barthelmey.Ennert der Leedung vum Pascale Gieres-Reding hunn di Jonk gewisen wat an hinne stëcht an hunn e flotte Programm presentéiert.Maacht weider esou, huet méi wi een Nolauschterer si encouragéiert.
Duerno war et um grousse Grupp vun der Réiserbänner Musek an och do hat den Dirigent, Albert Nimax , en attraktiven an ofwiesslungsräichen Programm zesummengestallt. No 2 Zugaben ass den Owend op en Enn gaang an iwwerall huet een zefridde Gesiichter gesinn.Duerch de Programm huet de Joe Goelff gefouert, deen et méi wi eng Kéier fäerdeg bruecht huet d'Leit mat Chame mat anzebannen an dat alles huet zu enger entspanntener Atmophär bäigedroen .