United Kingdom

very british war d'Stëmmung e Samschdeg zu Réiser .Ennert der Direktioun vum Arnaud Meier huet d'Harmonie Réiserbann hiren treien Nolauschterer an Zuschauer e flotten Gala Concert offeréiert. De neien Jugendensembel, dirigéiert vum Pascale Gieres-Reding, huet mat "can you feel the love tonight ( Elton John) an "more themes from Harry Potter" ( John Wiliams) iwwerrascht. Klassesch a modern Stécker waren um Programm, a ganz besonnesch ervirzehiewen eng Welturopféierung: "voyage au pays des jouets". Dëst war e Museksprojet wou Musekanten an Dirigent sech zesummengedoen hunn fir eng Geschicht musikalesch an bildlech ze ënnermolen, experimentell an erfrëschend nei!