Scheckiwwerreechung vun der Réiserbänner Musek

E Freideg 17.Januar huet d'Réiserbänner Musek no hirer alljährlecher Generalversammlung e Scheck iwwer 1000€ un d'Associatioun "Ile aux clowns asbl."iwwerrreecht.Dës Somm war den Erléis aus der Quête vum Wantergala , deen d'Musek den 15.Dezember gespillt huet. D'Madam Drees Joëlle, Responsabel vun der Associatioun Ile aux clowns, huet en interessanten Abléck an d'Aarbecht vun hiren Mataarbechter ginn an d'Leit iwwerzeecht, datt dës Somm gutt investéiert ass.