Bei herrlechem Wieder si gebake Fësch am Réiserbann ugebuede ginn

Eng gutt organiséiert Ekipp aus der Réiserbänner Musek huet wärend 2 Deeg dofir gesuergt, datt ab 11 Auer all bestallte Fësch beim Museksall ofgeholl gi konnt an jiddfereen , deen sech am Museksall verwinne loosse wollt, ass ab 12 Auer zervéiert ginn.Déi vill Aarbecht huet sech gelount, well zefridde Gesiichter sinn de beschte Beweis.Op en neits freeë mir eis op Karfreideg, den 6.Abrëll , wou et dann nees heescht: genéisst eis frësch goldeggiel gebake Fësch.