Kannerfuesend am Réiserbann

E Sonndeg 20.Febuar hat d'Réiserbänner Musek kleng a grouss Fuesboken op hiren traditionnellen Kannerfuesbal agelueden.Fir gutt Stëmmung huet den Orchester "de Claude" gesuergt, begeeschtert hu vill Kanner bei de Spiller ,organiséiert vun den Musikant/innen vun der Réiserbänner Musek, matgemaach.

Vill ze séier war de Mëtteg eriwwer, mee als Trouscht kruten all d'Kanner virum heemgoën fir hirt begeeschtert matmaachen e schéint Geschenk als Erënnerung.

Mir freeën eis op d'Editioun 2012 !