RTL-Déckkäpp am Réiserbann on Tour

Kult Emissioun vun RTL
En Donneschdeg 26.Mee hat d'Réiserbänner Musek Déckkäpp an de Centre culturel Fr.Blouet op Réiser agelueden.Laang am viraus waren all d'Sëtzplazen reservéiert.
"Vill Witzer, blöd Sprëch, gescheit Froën an domm Äntwerten" , dat ass den Déckkäpp hire Leedsaz an d'Leit am Sall konnten sech dovun iwwerzeegen. Et gouf geschmunzelt, de Kapp gerëselt, gestaunt, gelaacht, gesongen a gedanzt.