Scheckiwwerreechung

De Freideg,13 Januar huet d'Réiserbänner Musek hir Generalversammlung ofgehalen.De President Georges Gieres konnt op en erfollegräicht Joer zréckblécken.Mam neien Dirigent, dem Arnaud Meier, deen am Hierscht d'Leedung iwwerholl huet, kann d'HMR optimistesch an Zukunft kucken.An dësem Joer gëtt verstärkt an den Opbau vun neien Musikanten gesat. Ab Februar fonktionnéiert e neie Museksgrupp, wou Ufänger , ënnert der Leedung vum Pascale Gieres-Reding , kënnen hir éischt Erfarungen am Zesummespill sammelen. Aus dem Keessebericht vum Erny Fisch ass ervirgaang, datt d'Finanzsituatioun gesond ass.Den Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin Josiane Reiter huet gewisen, datt d'HMR dat ganzt Joer iwwer e flotte Programm hat. Alles an allem konnt een just zefridde Gesichter gesinn.
Als Ofschloss ass e Scheck vun 1000 € un d'Association lux. contre le diabète iwwerreecht ginn.Dës Suen stamen aus der Quète vum Wantergala 11 vum 18.Dezember.Traditionnell verzicht d'Musek op d'Ophiewen vun Entréepräisser a spend all Joer den Erléis vum Wantergala un e gudden Zweck.