Gemeinschaftleche Summerconcert vun der Menster an Ouljer Musek

Fir d’fënnefte Kéier schonn hunn den 8.Juni den Ouljer an de Menster Museksveräin op hire gemeinschaftleche Summerconcert an de Syrkus zu Rued-Sir invitéiert. Dëse Gemeinschaftsconcert ass mëttlerweil e feste Bestanddeel vum Kulturliewen an der Betzder Gemeng ginn, an esou ass et och kee Wonner dass de Sall prall gefëllt vun Zuschauer war. Vill Zoustëmmung krut de kuerzen Optakt vum Concert mam Jugendorchester. Ënnert der Leedung vum Dirigent Steve Boehm war et dann un der Menster Musek hire Programm virzedroen. ‟ Victory”,‟Mortal Instruments” an déi bescht bekannte Stécker ‟Mission to Mars” an ‟Hotel California” hu groussen Uklang beim Publikum fonnt. D’Relève huet dunn d’Ouljer Musek geholl. Dirigéiert vum Marc Garson konnten d’Stécker ‟My Fair Lady”,‟ Main Street Celebration”, Children of Sanchez” an ‟Mars der Midici” begeeschteren. No enger gastronomescher Paus war et dann un deenen zwou Museken fir am Zesummespill de Concert zum Héichpunkt erkléngen ze loossen. Ofwiesselnd hunn déi zwee Dirigenten duerch d’Stécker ‟Crouching Tiger,Hidden Dragon”, ‟Can’t Buy Me Love”, ‟Ole Ole Fiesta” an ‟60’s Rock Mix” gefouert. No begeeschtertem Bäifall deen net ofräisse wollt, hunn déi zwou Museken dunn mat der Zugab ‟Bella Ciao” de Concert ausklénge gelooss.