Generalversammlung vun der Schenger Musek

Och dëst Joer konnt d’Schenger Musek op hirer Generalversammlung eng positiv Bilanz zeien. En groussen Undeel dorun huet déi gutt Nowuessaarbecht déi d’Dirigentin Nadine Billa an de Comité säit Jore leeschten. Mat engem Jugendensembel vun 22 Kanner, ass déi musikalesch Zukunft geséchert an déi jonk Musikante si mat vollem Elan derbäi. Mee eng Musek kann net iwwerliewen ouni Leit déi hier Zäit opfere fir de Veräin. Dofir huet de President, Josy Koch ausdrécklech Merci geso, fir dat Engagement vun de Memberen, déi et iwwert ganz Joer méiglech mäen dat d’Musek sou gutt fonctionnéiere kann. Och de Buergermeeschter, Ben Homan, huet der Schenger Musek felicitéiert fir déi gutt Saison a Merci gesot, dat ze ëmmer parat steet fir d’Gemengenliewe musikalesch ze verschéineren.
Spéider gouf da folgend Opdeelung am Comité gouf entscheed: Josy Koch(President), Claude Reuter(Vice-President), Isabbelle Goffart(Secrétaire), Patricia Kohll(Secrétaire-Adjointe), Connie Spenner(Caissiere), Sandra Mauer, Lydie Lutgen, Pit Walté(Beisetzend) a Jessica Gloden(Jugendvertrieder).