KOLPING LËTZEBUERG asbl AM DÉNGSCHT VUM NÄCHSTEN

8.250 € fir d‘ „Services de l’entraide CNDS asbl Ëlwen“


Ëlwen. Viru kuerzem war eng Delegatioun vu Kolping Lëtzebuerg Asbl op Ëlwen bei d’Services de l’entraide CNDS asbl fir ee Scheck vun 8250 € ze iwwerreechen. Dës Suen si geduecht fir d’Uschafe vun 1 RUWI Fräse M Basis 3 fir an den Holzatelier an 1 GGM-Bäckerei a Kombidämpfer fir an d’Kichen. D’Services de l’entraide bidden hir Ënnerstëtzung bei der Aarbecht a ville Beräicher un, z.B. Gaardenaarbecht, d’Ëmwelt, Gréngfläche méinen, Kachen, Holzhandwierk, Wäsch, Bitzstuff a Verkaf vu Second-Hand-Kleedung, asw… Eng ronn 100 Leit schaffen zu Ëlwen, déi dann och an der Mëttesstonn do gekacht kréien. D’Ziel ass et fir deene Mënschen, déi ganz vill Probleemer hunn fir iwwerhaapt op den Aarbechtsmaart ze kommen, eng sozial a berufflech Struktur unzebidden, fir dat Ziel dann eng Kéier ze erreechen. Dës Leit hunn eng onstabil geeschteg a kierperlech Gesondheet, Tendenz zum Konsum vun Drogen an Alkohol an d‘Feele vun enger fester Aarbecht. Dobäi gëtt héije Wäert op Pünktlechkeet, Aarbechtstempo a Produktivitéit geluecht fir spéiderhin den Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart gewuess ze sinn. Eng sozio-professionell Ënnerstëtzung kréien se duerch reegelméisseg Bewäertung vun der Aarbecht déi se maachen an nei Objektiver kréien se gesat, fir hir Leeschtung unzekuerbelen. Sie kréien och nach gehollef beim Ausfëlle vun de Formulare wann se eng Aarbecht fonnt hunn. Fir am Team matzemaachen ass eng Registréierung beim Aarbechtsamt eng noutwendeg Viraussetzung. D’Services de l’entraide sinn ugewisen op d’finanziell Hëllef vun Entreprisen, Privatleit, an dem Sicler. Och verschidde Ministèrë bidden hir Hëllef un: déi fir Aarbecht a Beschäftegung, der Famill an der Ëmwelt. Op dem Site zu Ëlwen hunn se och ee grousse Gaart ugeluecht, wou dann d‘Privatleit hiert Geméis kënne kafe kommen an och verschidde Restaurateure beliwwert ginn. Mat dësem Don ass et Kolping Lëtzebuerg domadder ganz wichteg fir sozial schwaache Mënschen, a sou enge Strukturen eng Chance ze ginn, de richtege Wee ze fanne fir eng nei Aarbechtsplaz , och wann et net ganz einfach ass.

(Text: Schmitz Fons, Foto: Joséphine Daems-Schmit)