Adriana Gianni in den Ruhestand verabschiedet

De 13. Januar 2023 gouf d'Adriana Gianni traditionell op der Neijoerschfeier vun der Gemeng, a seng wuelverdéngte Pensioun verabschid.

Firun 10 Joer huet hat bei eis an der Maison Relais ugefaangen a ville Kanner sou munches bäibruecht. Baal dräi Wochen drop, den 31.01.2023 war dunn säi leschte Schaffdag bei eis.


Léiwt Adriana, am Numm vum Schäfferot, Gemengerot an dem ganze Personal, wënsche mir dir nëmmen dat Bäscht fir deng Zukunft an dass du deng Pensioun a vollen Zich kanns genéissen. Mir soen dir villmools Merci fir deng 10 geleeschten Déngschtjoeren bei eis op der Gemeng.