Gaarde-Party Chorale Ste-Cécile Walferdange


D'Chorale Ste-Cécile Walferdange hat de Weekend vum 29. an 30. Juni op hir traditionell Gaarde-Party invitéiert. Bei herrlech sonnegem waarme Wieder hu ganz vill Leit eis am Centre Prince Henri zu Walfer besicht. Hei krute si Erfrëschendes, Gegrilltes, Séisses a schéin Tombola-Präisser a Gewënner gebueden. Gutt Stëmmung hunn d'Gäscht matbruecht an dofir soe mir jidderengem den do war, besonnesch eisen treie Frënn, villmools MERCI a bis d'nächst Joer!