Bamfeier zu Weller

Wéi d'Traditioun et well krut e Samsdeg, de 5. Mee, den neigewielte Konselljee vun der Gemeng Pëtschent, de Christian Junk, e Bam gesat. Di kleng Feier wou zahlreich Gemengeleit drun deel geholl hunn, gouf vun de Pompjeeën, de Weller Turnschlappen, de Weller Schoulkanner an der Jeunesse organiséiert a musikalesch vun der Huser Musek encadréiert. Nodeems den "Kugeltrompetenbaum" geplanzt war, gouf zesumme bei engem gudde Patt dës feierlech Zeremonie ofgeschloss.