Konveniat vun der Akerbauschoul 1953-1955

Viru Kuerzem haten de Pierre Muller, den Urbain Muller an de Gast Schumacher hir Klassekomerode vun der Akerbauschoul aus de Jaren 1953-1955 fir hiren traditionelle Konveniat op d’Musel invitéiert.


Rendezvous war moies beim Schoulkomerod Gast Schumacher am „Probierstübchen“ zu Wëntreng, wou mir eis bäi gudder Laun a voller Freed erëmgesinn hunn. Fir de gudden Ufank gouf de Cremant vum Domaine Viticole Schumacher-Knepper offréiert.


Iwwer dem Mëttegiessen am Restaurant „Le Chalet“ zu Schengen goufen Erënnerungen u fréier Zäiten opgefrëscht. Zur Sprooch koumen och aktuell Theme wéi d’Gesondheet, d’Pensioun, Reesen an d’Zesummeliewen an der Famill.


Beim Heemgoe ware mir eis alleguer eens: „Haut war e schéinen Dag, an d’Jugend war eng schéin Zäit. Komm mir ginn eis erëm Rendezvous fir dat nächst Jar!“


(Text: Urbain Muller / Foto: Fernand Nothum)