Avenir Beggen - Berdenia Berbuerg 1-1

Den Ofsteiger Beggen verpasst et géint de gudden Opsteiger Berbuerg doheem direkt fir kloer Verhältnisser an der Tabell ze suergen a spillt just 1-1. Déi éischt zwou Chancen sinn op de Compte vum FC Avenir gaangen: schon no 2' schéisst de Leen e Fräistouss vu lénks zentral virun de Goal, wou de Ribeiro just knapp mam Kapp verpasst. 2' drop war et de Leen selwer, deem säi Schoss aus ca. 11m awer wäit driwwer gaangen ass. D'Gäscht haten hier éischt Chance no 8' duerch de Lacroix. , eng Minutt drop huet de Jacobs e Versuch vum Da Conceicao nach esou just konnten iwwer d'Lat drécken. Direkt no dëser Chance waren et erëm d'Gäscht, déi e Kappball no Flank vu lénks just knapp laanscht de Goal gesat hunn. An der 17.' war et erëm u Beggen, wéi den Demeyer no Pass vum Leen um Bossers gescheitert ass. Déi nächst Chance war nach eng Kéier fir d'Lokalequipe: de Lérias bréngt e Fräistouss vu lénks op den Demeyer, dee per Talon ëm Keeper an d'Ärem geschoss huet. Den Demeyer sollt aktiv bleiwen an hat no 27' déi nächst Beggener Chance an eng Minutt drop sollt et dunn endlech rabbelen: no Flank vu riets kënnt den Arend zentral virum Goal un Ball a léist ëm Bossers keng Chance: 1-0! An der 31.' gouf e weidere Versuch vum Arend a Corner gekläert, mä no 36' sollt dunn den net iwwerraschenden Ausgläich falen: de Frank kënnt ongedeckt um laange Poteau zum Kappball a léist ëm Jcobs keng Chance an et steet 1-1. Am direkte Géigenzuch vum Ustouss ewech ass de Lérias um Keeper vu Berbuerg gescheitert.

Nom Téi sollt de Match zwar ausgeglach bleiwen, mä de spillereschen Niveau war net méi dee selwechten. E Fräistouss vum Arend no 46' huet näischt abruecht, während e Schoss vum Lérias no 55' ze schwaach war. 1' méi spéit huet de leeferësch staarken Demeyer der Berbuerger Verdeedegung de Ball ofgeholl, mä säi Lob iwwer de Keeper ass just op de Goal gefall. Uschléissend war et erëm zweemol un de Gäscht: e Gewaltschoss an der 64.' ass driwwer gaangen, een an der 65.' war ze schwaach a gouf vum Jacobs gehal. Op der Géigesäit ass den Nimsgern iwwer hallefriets fortkomm, mä eleng virum Goal huet hien säi Schoss komplett verzunn. An der 78.' stoung de Jacobs erëm am Mëttelpunkt, wéi hien e Schoss huet missen a Corner klären. Och an der 82.' gouf eng Berbuerger Chance in extremis a Corner gekläert. Den Demeyer hat dunn erëm eng Chance fir Beggen, mä och hei sollt de Keeper d'Iwwerhand behalen. Nom uschléissende Corner huet de Bossers mat enger Glanzparade e Schoss vum Nimsgern entschäerft, nom Corner huet den agewiesselten Denigro aus 8m de Ball iwwert de Goal geschoss. Um Enn sollt et beim gerechte Remis bleiwen.

Opstellung vu Beggen: Jacobs (GK), Spencer, Raths (no Verletzung 67.' Mathieu), Greiveldinger (26.' giel), Nimsgern, Krings (no Verletzung 73.' Ramcilovic), Lérias (63.' Denigro), Leen, Arend (28.' 1-0), Ribeiro, Demeyer. Net agesat: Pott, Mersch.

[ Source: www.wichtelweb.net ]