Berdenia Berbuerg - Avenir Beggen 1-4

Beggen fiert dräi verdéngten a wichteg Punkten zu Berbuerg an, déi an hirem Spillopbau Problemer haten an dowéinst bal nëmme mat héijen a wäite Bäll agéiert hunn. Et dierf och net ignoréiert ginn, datt d'Arbitteren hier vläicht wichtegst Aufgab net erfëllt hunn, nämlech d'Gesondheet vun de Spiller ze schützen, well dräi Beggener (A.Silva, Nimsgern a Gielty) no brutale Foulen hätte kënnen schwéier verletzt ginn an et just eng eenzeg giel Kaart dofir gouf.

Am Ufank war de Match ausgeglach, obschonn Beggen méi Chancen hat, déi éischt dovunner duerch den Denigro, wéi hien eng Pass vum Arend just knapp laanscht de Goal gesat huet (13.'). 4' drop ass e Beggener Goal duerch de Krings zu Recht wéinst Abseits annuléiert ginn, dat Ganzt no engem Fräistouss vu riets. Mä schlussendlech sollt de Max Arend no 28' den 1-0 markéieren, hien krut eng laang Pass ënner Kontroll an ass eleng fortkomm an huet ëm Berbuerger Goalkeeper keng Chance gelooss. Mä dëse Goal sollt d'Lokalequipe erwächen, well se net laang gebraucht hunn, fir zréck an de Match ze kommen. An der 32.' huet de Gansen e Kappball no gudder Flank vu riets knapp derlaanscht gesat. 2' méi spéit huet d'Beggener Défence de Ball net fortkritt an de Guth huet de Ball zum 1-1 iwwer de Mersch gehuewen. 6' virun der Paus hat Berbuerg eng weider gutt Chance, mä de Ribeiro konnt deen héije Ball nach esou just aus em Goal käppen. Trotzdem sollt Beggen nach virun der Paus erëm a Féierung goen. No Foul um Demeyer am Strofraum ass den Denigro ugetrueden an huet den 11m sécher verwandelt.

Fir d'2.Halschent sollt Berbuerg fir déi ca. éischt 10 Minutten e bëssen d'Iwwerhand kréien, mä et waren trotzdem d'Wiichtelcher, déi déi éischt Chance nom Téi haten, mä de Versuch vum Arend no 61' konnt gehale ginn. No 66' huet e Schoss vun der Berbuerger Nummer 7 de Mersch net viru Problemer gestalt, mä kuerz drop ass den Arend erëm – d'selwecht wéi bei sengem 1-0 – eleng fortkomm no engem héije Ball an och dës Kéier huet hien d'Nerve behalen an den 3-1 markéiert. Den Assist geet un de Gielty, deen de laange Ball lénks vun der Mëttellinn gespillt huet an duerno awer brutal virun den Aen vum Linieriichter gefoult ginn ass. Et war gutt, datt d'Arbitteren de Virdeel lafe gelooss hunn, mä de Berbuerger Spiller krut emol nodréiglech keng Kaart fir dës onfair Attack. No 80' huet de Gielty dunn seng perséinlech Revanche geholl an hien huet de Ball vum lénken Eck vum Strofraum eragehummert, dat Ganzt nodeems den Denigro direkt virdrun kee Goal konnt markéiéeren. D'Lokalequipe hat déi lescht Chance vum Match, wéi se de Beggener Verdeedeger Ramcilovic gezwongen hunn op säin eegene Goal ze käppen, wouduerch de Mersch huet missen eng Glanzparad weisen.

Opstellung vu Beggen: Mersch (GK), Ribeiro, Ramcilovic, Mathieu, Nimsgern, Krings (C), Gielty (80.' 4-1, giel, 90.' Rock), Silva A., Arend (28.' 1-0, 72.' 3-1, giel, 88.' S.Da Silva), Demeyer (75.' Schmit), Denigro (44.' 2-1 Foul 11m, giel). Net agesat: Berscheid, Raths

[ Quell: www.wichtelweb.net ]