Besser liewen an der Gemeng Betzder

De Mënsch am Mëttelpunkt: Besser liewen an der Gemeng
Wéi soll eis Gemeng an Zukunft ausgesinn?

Wat ass Bauland, wou ass Gréngland? Wéi eng Gebidder si vu Bedeitung fir Natur- a
Landschaftsschutz? Wou solle Spadséier- oder Vëlosweeër hin?

Wéi gesäit et mam Ënnerhalt vun den ëffentlechen Infrastrukturen aus, wéi eng Käschte kommen do op eis zou? Wou kënnen d’Awunner sech begéinen, schaffen, léieren, akafen, sech erhuelen?