Besser zesumme liewen: eng Gemeng fir jiddwereen

An deene leschte Joeren ass massiv a Gemengegebaier investéiert ginn. Elo heescht et dës Gebaier mat Liewen ze fëllen. Dës Infrastrukture sollen zu Plazen fir all d’Bierger aus der Gemeng ginn, do wou déi jonk an och déi eeler Generatioune sech wuelfillen a sech begéinen.

Mir, déi gréng Betzder, setzen eis dofir an dass:

• déi Jugendlech Raum a Geleeënheet kréien, sech an d’Gemengeliewen anzebréngen (z.B. duerch e Jugend-Gemengerot) an och hinne geziilt Betreiung an Hausaufgabenhëllef ugebuede ginn;
• d‘Erfahrung vun eisen eelere Matbierger net verluer geet, mä dass si dozou encouragéiert ginn hiert Wëssen a Kënnen am ëffentleche Liewen anzesetzen (z.B. an de Kommissiounen oder an de Veräiner);
• eis auslännesch Matbierger nach méi um ëffentleche Liewen deelhuelen, dass Plazen a Momenter geschafe ginn, wou déi verschidde Kulturen aus eiser Gemeng sech kënne begéinen a besser kenneléieren;
• all Bierger gutt informéiert gëtt an d’Méiglechkeet kritt, aktiv un de grousse Projeten vun der Gemeng deelzehuelen.

Mir sinn och der Meenung, dass e lokale Commerce erëm eng Chance soll
kréien. Eng Offer vu Produiten fir den daagdeegleche Gebrauch géif secher ville
Leit entgéint kommen a wier eng sozial Beräicherung fir d’Gemeng.