déi gréng - Candidats Betzdorf

Leit mat Iddien fir eis Gemeng vu muer

Besser zesumme liëwen: fir déi gréng steet de Mënsch am Mëttelpunkt!

All Bierger soll sech a senger Gemeng doheem a wuel fillen. D'Gemeng soll sech no engem kohärente Konzept entweckelen, am Aklang mat der Natur an emmer mam Objektiv, d’Liewensqualitéit vun den Awunner ze verbesseren.

Bezuelbare Wunnraum schafen, besonnesch fir jonk Stéit, ass eng wichteg Aufgab. Eng modern Gemeng muss sech aktiv um Wunnengsbau bedeelegen, ouni awer de Charakter vun den Uertschaften ze zerstéieren.

Industriezone sinn absolut néidig fir eis Wirtschaft. Si mussen allerdéngs regional geplangt ginn a gehéieren no bei d'Transportweer. Dofir soll d'Industriezon Rothoicht erëm Gréngzon ginn!

Eis Gemeng muss elo scho massiv an erneierbar Energiequellen investéieren. Dat ass net nëmme gutt fir de Klimaschutz, et mecht eis op laang Siicht och vill manner ofhängeg vun héigen Energiepräisser.

D'Zukunft gehéiert eise Kanner an eiser Jugend. Wat an der Kannerzäit verpasst gouf, ass schwéier herno erëm opzehuelen. Eng vun eise Prioritéiten ass dofir d'Erzéiung an d'Betreiung vun de Kanner. Mir wëllen déi Jonk derzou ermuddigen Verantwortung am öffentleche Liewen ze iwwerhuelen.

An eisen Dierfer feelt et u Plaatze wou ee sech begéine kann, wou all d'Leit sech gären ophaalen. Nei gréng Plaatzen an den Dierfer, me och lokal Geschäfter an Dingschtleeschtungen spillen hei eng wichteg Roll.

All dat an och déi aner gréisser Projete vun der Gemeng mussen am stännigem Dialog mat de Bierger geschéien.