Besser liewen duerch aktive Klimaschutz

Och, a besonnesch, op Gemengeniveau ass et wichteg, en aktiven Beitrag zum Klimaschutz ze leeschten. Dat kann eng Gemeng nëmmen duerch d’Emsetzen vun engem kommunalen Energiekonzept matt de Schwéierpunkten: Energie spueren, Energie effizient notzen an erneierbar Energien ënnerstëtzen.

Eist Ziel ass et, dass d’Gemeng Betzder, zesumme mat hieren Awunner, hier CO2-Emissiounen konsequent reduzéiert, aus der Ofhängegkeet vun de fossilen Energien erauskënnt an och den allerleschten Undeel Atomstroum aus eisem kommunale Stroumnetz verschwënnt.

Dofir setze mir, déi gréng Betzder eis an, fir:
• eng perséinlech Energieberodung fir d’Awunner, bei de Leit doheem;
• d’Subventionéierung vun Energiespuermoossname fir Privatleit a Betriber;
• de konsequenten Ausbau vun erneierbaren Energien an der Gemeng;
• d’Zieler vum internationale Klimabündnis an d’Kooperatioun mat de Länner aus dem Süden;
• e verbessert Mobilitéitskonzept, dat heescht Prioritéit dem Foussgänger, dem Velo an dem ëffentlechen Transport.