Besser liewen am Aklang mat der Natur ...

... duerch eng kontrolléiert Gemengenentwécklung

D’Biodiversitéit, d’Interessi vun de Baueren, d’Interessi vun de Propriétairen an déi vun den aneren Awunner mateneen an Aklang ze bréngen, dat wäert och an Zukunft eng grouss Erausfuerderung fir eis Gemeng sinn.

Mir, déi gréng Betzder, setzen eis dofir an, dass:
• eis Gemeng sech an Zukunft no engem kohärente Konzept entwéckelt;
• d’Gréngzonen an eiser Gemeng erhale bleiwen an neier geschafe ginn, souwuel am
Bauperimeter wéi och tëscht den Uertschaften;
• keng weider Industriezone geschafe ginn an d’Terraine vun der (nach) Industriezon
Rothoicht 2 als Gréngzon reklasséiert ginn;
• d’Buedemspekulatioun en Enn kritt an déi gesetzlech Méiglechkeete genotzt ginn, fir e
verantwortungsvollt Notze vum Terrain ze bedreiwen;
• opgrond vun ekologeschen an soziale Critèren kontrolléiert neie Wunnraum geschaf
gëtt.
Mir setzen eis och besonnesch fier eng gesond Ëmwelt an. Vill Krankheete fannen eng direkt Ursaach an der Ëmweltbelaaschtung (Waasser-, Loft- a Buedemverschmotzung, Kaméidi, ...). Mir wëlle schiedlech Aflëss op eis Gesondheet erkennen an dogéint virgoen.