Informatiounsowend iwwer Erneierbar Energien

De 4. Oktober 2022 war am Centre culturel Norbert Sassel zu Bettange-sur-Mess eng Informatiounsversammlung iwwer erneierbar Energien. Dës Versammlung organiséiert vun de Schäfferéit an de Klimateams vun de Gemengen Dippech a Käerjeng war e grousse Succès. D'Presentatiounen hunn déi folgend Themen behandelt:
• Presentatioun vum neie Staatsprogramm "Klimabonus" Klima-Agence
• Presentatioun vun de Gemengesubsiden (Gemeng Käerjeng an Dippech)
• Photovoltaik: Vum Daach bis zum Produktiounssystem / Vun der integraler Aspeisung bis zur Energie Selbstversuergung Letz Green Renewables
• Finanzéierung vun engem Spuerkeess Photovoltaiksystem
• Wéi eng Steieraspekter solle berécksiichtegt ginn? Fiscogest Sàrl

No deene verschiddene Presentatiounen hunn d'Experten d'Froen vun de Bierger beäntwert an d'Participanten hunn sech weider beim Patt ausgetosch.