Sportleréierung 2022

Leschte Freiden Owend huet zu Schuller an der Sportshal nees eis grouss Sportleréierung stattfonnt bei där d’sportlech Leeschtunge vun eise lokalen Athleetinnen an Athlete geéiert goufen.

Nodeems de Sportsschäffen, Max Hahn, an de Stéphane Pesch, President vun der Sportskommissioun, hir respektiv Riede gehalen hunn, war et un d’Sportler/innen an de Mëttelpunkt ze kommen. De Schäfferot huet dunn, zesumme mat de Membere vun der Sportskommissioun déi eenzel Leeschtungen nach eng Kéier ervirgehuewen a de Gewënner e flotte Präis iwwerreecht. 

Tëschent 2 Präisiwwerreechungen hunn d’Meedercher vun der Danzschoul Renée Niro fir Stëmmung gesuergt a mat 2 flotten Danzdemonstratioune den zuelräiche Publikum vun der Sportshal begeeschtert. 

Eis Buergermeeschtesch, Manon Bei-Roller, huet dunn alleguer d'Sportler/innen nach eng Kéier felicitéiert ouni d’Leit ze vergiessen déi eis Sportler/innen am Alldag betreien a trainéieren. 

Uschléissend huet d'Gemeng nach op e Patt invitéiert.

E ganz grousse Merci un d’Sportskommissioun an un all déi dozou bäigedroen hunn aus dësem flotten Owend en Erfolleg ze maachen.