Dag vum Bam an der Gemeng Dippech

Nationalen Dag vum Bam

Am Kader vum nationalen Dag vum Bam huet d’Gemeng Dippech haut de Moien eng grouss Bamplanzaktioun zu Schuller organiséiert.
Beem sinn e wichtege Bestanddeel vun eiser Biodiversitéit a droen dozou bäi eis Natur ze schützen a géint de Klimawandel ze kämpfen.

E grousse Merci un eis couragéiert Kanner aus dem Cycle 2.1 déi de Moien d’Schëpp an de Grapp geholl hunn fir ze hëllefen déi Beem ze planzen.
Als Belounung gouf et uschléissend nach e leckere Fair trade Orangëjus mat engem Fair trade Croissant.