Village fleuri 2022

De 16.11.2022 goufen d'Gewënner vum Concours "Village fleuri" vun der Gemeng Dippech an enker Zesummenaarbecht mam Veräin Gaard an Heem geéiert. D'Jury vum Veräin Gaard an Heem huet 36 Leit ausgewielt, déi hir Haiser mat schéine Blummen a Sträich dekoréiert hunn an doduerch dozou bäigedroen hunn eis Dierfer ze verschéineren. Den Owend gouf mat engem Éierewäin vun der Gemeng ofgeschloss.