Chrëschtmaart 2022

Wéi üblech, war den Dippecher Chrëschtmaart dëst Joer nees en Erfolleg!

E grousse Merci un eis Veräiner déi staark dozou bäidroen eist Duerfliewen an der Gemeng z’erhalen, un der Ekipp vum Chant moderne vun der Käerjenger Museksschoul fir de flotte Concert an natierlech och e grousse Merci un de Kleeschen, deen honnerte vu Kanner aus der Gemeng leschte Weekend begeeschtert huet.