Klimaforum

cof

De 17.09.22 huet d’Gemeng Dippech zesumme mat de Gemenge Garnech a Reckeng e Klimaforum organiséiert. Dëst Evenement am Kader vum "KlimaPakt / Meng Gemeng engagéiert sech" huet no nohaltege Critèren stattfonnt a gouf am Centre culturel zu Betteng ofgehalen.

Moies stoung e "Workshop" um Ordre du jour mat folgendem Programm:
- Eng Presentatioun vum Klimapakt an de Gemengen
- E "Biergerworkshop" iwwer Klimaproblemer an de Gemengen.

Nieft dem Atelier goufen Aktivitéite fir Kanner vun der Maison des Jeunes de Dippach a Sicona Kids organiséiert.

Ab 12.00 Auer hunn déi 3 Gemengen op e gemeinsaamt Mëttegiessen invitéiert (lokal, regional & fairen Handel) a géint 13.45 Auer goufen op verschiddene Plazen Visitten organiséiert a Bezuch op d’Produktioun vun regenerativen Energien a lokale Liewensmëttel an eise Gemengen.

De Wandpark zu Garnech, d'Produktioun vun Holzchips am Bësch zu Dippech an de "Pretemer Haff" zu Reckeng op der Mess goufe besicht.