Kierchtuermspromenaden 17 - Hanner Ouljen a Richtung Wecker - läit Betzder.

Betzder, Betzdorf, huet 234 Awunner an d’S.E.S., déi bei hirer Clientèle international estiméiert gëtt. ‘Betz’ ass eng elsässesch Kuerzform vu Bernhard oder Berthold. BETZDER gouf 1321 och ‘Bettinsdorf’ genannt, wat vum Persounennumm BETTO oder dem noen Uert Be'it stame soll. Et zielt zu eise ganz ale Mammeporen. Hir éischt Kierch gouf hei 1140 confirméiert als rechtleche Besetz vun der Abtei St. Maximain an enger Bulle vum Popst Innozent II. ( "in archiepiscopatu Trevirensi ecclesiam de Betestorf").

E Kanal zur Sir um Kadasterplang vu 1820 hat zur fréierer Waasserbuerg gehéiert. Dat heitegt iwwer 400 järegt Renaissance Schlass huet e räiche Steenkader mat Statu ëm d’Entreesdier a war ënner anerem Berbuerger, Bartrenger, a Lelleger Besetz. Zënter 1905 hunn Elisabetherinnen a senge Maueren op Demande vum Staat den Institut St Joseph betreit, e ‘foyer aux enfants atteints d’un handicap mental‘.

No 100 Joer ware baulech Ëmäennerungen néideg; de Bléckfang aus der Klouschterkapell, d’Fënschteren vum Ad. Deville kruten deels am neie multifunktionelle Festsall eng nei Plaz. Mä der Elisabeth-Stëftung hire moderne Seefenatelier ass weider op Nr. 2, Weckerstrooss.

Dat neit 1912 gebaute Betzder Schlass war vun 1953-1964 Residenz vum Ierwgroussherzog Jean a senger Famill. Aktuelle Proprietaire ass d’SES, d’Société Européenne des Satellites. Den ’headquarter’ vun den Astra Satelliten ass hei säit 1988 - dem Joer wou den éischte kënschtlechen Himmelskierper zu Kourou an de Weltall geschéckt gouf. -D’Martin’s Kierch vu 1748 huet e konschtvolle Rokoko-Haaptaltoer an d’Täfelung (vu 1933) ronderëm ass reng a meeschterhaft.

D’Kommiounsbänk krut se 1959/60 als Cadeau vun der Groussherzoglecher Famille. Eng lescht Renovéierung hat 2003 d’al Fënster hanner dem Altor fräigeluet, d’Bänke restauréiert an d’Mauere stabiliséiert.. Di haiteg Fënschteren am Schëff, fräi Kompositioune vum Roger Bertemes vun ëm 1975, hu Motiver déi d'Impressioun ginn ze schwiewen, di zwou eeler am Chouer hu jee e Medaillon mat engem Symbol.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/betzdorf.html


Fotos: Archiv LW (Anouk Antony, Guy Jallay, Marc Wilwert, Nadine Schartz,