Liestut fir Buurschter Schoulkanner

Wéi kann een d’Liesmotivatioun vun de Kanner fuerderen, an d’Wichtegkeet vum Liese verdäitlechen. Dëst ass eng Fro, déi sech déi Buurschter Schoul, net nëmmen am Kader vun hirem Schoulentwécklungsplang, reegelméisseg stellt. Datt ee bei der Liesförderung dobäi sou fréi wéi méiglech ufänkt schéngt selbstverständlech, an aus dësen Iwwerleeungen eraus huet d’Bibliothekarin vun der Buurschter Schoul séch dëst Joer eppes Besonnesches ausgeduecht, fir all déi Kanner, déi am Zyklus 2.1 hiren éischte Schouldag an der „grousser Schoul“ duerften erliewen. Si kruten eng „Liestut“ iwwerreecht, mat engem schéine Buch, enger Kaart, Lieszeechen an Informatiounsmaterial fir si selwer an hir Elteren. Dës Tuten haten déi grouss Kanner aus dem Zyklus 4 fir si bemolt an domat bewisen, datt och hinnen dru geleeën ass, nei Memberen an hirer Liesgemeinschaft wëllkomm ze heeschen.