Gebuertsdagsconcerten fir d'Ierpeldenger Musek

Fir de 60. Gebuertsdag vun hirer Musekssektioun ze feieren hat d’Concordia Ierpeldeng zwee éischtklasseg Orchester fir e Concert invitéiert. Den Ufank huet samschdes, den 12. Mäerz d’Philharmonie Grand-Ducale et Municipale vun Ettelbréck gemaach. Ënnert der Leedung vum Rainer Serwe hunn d’Museker de Publikum mat op eng musikalesch Weltrees geholl kommentéiert vum Jean-Pol Meis, deen nieft senger Funktioun als Musikant a Sous-Chef vun der Ettelbrécker Musek, och zënter 30 Joer Dirigent zu Ierpeldeng ass. Virum Optrëtt vun der grousser Musek hat d’Jugendmusek zesumme mat hire Kolleeginnen a Kolleege vun der Ierpeldenger Jugendmusek den Optakt ginn fir e remarkabelen Owend. Déi jonk musikalesch Talenter stoungen ënnert der Leedung vum Jeff Schiltz an dem Christophe Putz. Nennenswäert ass och d’Kollekt, déi bei dëser Geleeënheet 1000 € erabruecht huet, a fir d’Ukrainhëllef bestëmmt war.

Freides, den 18. Mäerz war et dunn un der Militärmusek, déi genee wéi virun 10 Joer um 50. Anniversaire, sech eng Éier draus gemaach huet, zu Ierpeldeng opzetrieden. Ugefaangen hu se hire Concert sou wéi se virun 10 Joer opgehal haten, nämlech mam Ierpeldenger Marsch, extra komponéiert fir déi Ierpeldenger Musek, vum Militärmuseker Georges Sadeler a gestëft vun der lokaler Gemeng. Mat Wierker vun e.a. Dvorak, Horovitz, Schostakovich wousst d’Militärmusek ënnert der Leedung vun hirem Chef-Adjoint Christian Kirpes ze begeeschteren. E méi nodenkleche Moment gouf et mat dem wonnerbaren „Choralis Tonalis“ vum Marco Pütz, deen am Respekt a Gedenken un d’Nout an d‘Affer vum Krich an der Ukrain gespillt gouf. E bësse bedauert haten déi Ierpeldenger, datt hire fréieren Dirigent an haitege Chef vun der Militärmusek, Jean-Claude Braun, deen Owend net konnt dobäi sinn.