Concordia Ierpeldeng: Generalversammlung a Scheckiwwerreechung

Bäi Geleeënheet vun hirer Generalversammlung hat d’Concordia Ierpeldeng déi grouss Freed, kënnen e Scheck iwwer 1400 € un d’Ukrainhëllef vun der Caritas ze iwwerreechen. Dës Suë waren d’Resultat vun enger Quête nom Gebuertsdagsconcert vun der Ettelbrécker Musek zu Ierpeldeng. An dem Betrag ageschloss ass och d’Gage, op déi d’Ettelbrécker Musek zugonschte vum Caritas-Projet verzicht huet. D’Caroline Theves, huet dem Veräin am Numm vun der Caritas a vun de villen ukrainesche Flüchtlingen, déi si a Moldawie betreit, villmools Merci gesot.

Uschléissend huet de President Fränz Jacobs déi eigentlech Generalversammlung mat der Begréissung vun den Éieregäscht, dem Comité an de Membere vun der Concordia Ierpeldeng Gesank a Musek opgemaach. Den Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin Mady Simon huet e Réckbléck op déi vergaange Saison gemaach bis zum dësjärege Galaconcert den 30. Abrëll. Schwéierpunkte waren natierlech d’Aweiung vum neie Musekshaus an d‘Feierlechkeeten fir de 60. Gebuertsdag vun der Musekssektioun. De Finanzbericht vum Keessjee Jos Schmitgen huet en Defizit vu ronn 8000 Euro ausgewisen, dee mat den aussergewéinleche Käschten duerch d’Pandemie an d’Jubiläumsfeierlechkeeten ze erkläre ass, awer wéinst de Reserve vum Veräin ka gedroe ginn.

D’Mady Simon, laangjäreg Sekretärin an d’Carole Gils, Member a Responsabel fir de Lien mat der Museksschoul, hunn decidéiert, aus dem Comité ze demissionéieren, a krute vum President villmools Merci fir hir onermiddlech a gutt Aarbecht am Interêt vun der Concordia gesot, verbonne mat engem Bouquet an engem klenge Kaddo.

Bei den uschléissende Neiwale fir de Comité konnte mam Yvon Kries, Vicky Mayer a Jill Mohnen dräi nei Memberen opgeholl ginn.

De Laurent Lacour, President vum Syndicat d’Initiative huet der Concordia Merci gesot, fir déi gutt Zesummenaarbecht am Kader vun den offizielle Manifestatiounen an der Ierpeldenger Gemeng. Och de Buergermeeschter Claude Gleis huet sech deem ugeschloss a verséchert, datt d’Gemeng ëmmer en oppent Ouer fir de Veräin huet, an en och weiderhin beschtméiglech ënnerstëtze wäert.

De Comité vun der Concordia setzt sech zesummen aus Fränz Jacobs, President, Jos Schmitgen, Tresorier, Mady Boes, Yvon Kries, Vicky Mayer, Jos Metzler, Jill Mohnen, Lil Seyler, Sylvie Thull, Irène Welter. De Sekretärsposte bleift ze besetzen. Dirigente sinn: Jorge Alves (Gesank), Jean-Pol Meis (Musek) a Jeff Schiltz (Jugendmusek).