Happy Birthday Ierpeldenger Musek

Den 23. Oktober huet d’Concordia Ierpeldeng de Startschoss fir d’Feierlechkeete fir de 60. Gebuertsdag vun der Ierpeldenger Musek ginn. Nodeems den Dag virdrun dat neit Musekshaus ageweit gouf, an um Virmëtteg eng Porte Ouverte an Zesummenaarbecht mat dem Conservatoire du Nord an der Gemeng organiséiert gi war, konnt de President Fränz Jacobs d’Membere vum Veräin an e sëllegen Éieregäscht am Centre Culturel fir eng Séance Académique begréissen. Et war de fréiere President Jean-Pierre Weidert, ee vun de 6 nach liewende Grënnungsmemberen, dee mat vill Humor erzielt huet, wéi et am Joer 1961 zur Grënnung vun der Jeunesse Musicale, der spéiderer Ierpeldenger Musek, komm ass. Deemools hat de Männergesankveräin Concordia net wëlles gehat, eng richteg Musek op d’Been ze stellen, mä am Laf vun de Joeren huet sech d’Ierpeldenger Musek no an no als onverzichtbart Standbeen vum Kulturliewen an der Gemeng etabléiert.

No de Gléckwënsch vun der UGDA, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Museken, iwwerbruecht vun der Regionaldelegéiert Myriam Roettgers-De Rond, war et um André Thull, fir mat Hëllef vun enger ganzer Rei Fotoen, en Iwwerbléck ze ginn iwwer de Fonctionnement an d’Aktivitéite vun der Concordia als Duerfmusek.

An deem Kader huet de President Fränz Jacobs drop higewisen, datt de Jean-Pol Meis lo schonn zënter 30 Joer um Dirigentepult vun der Musek steet, wat mat groussem Applaus vun alle Leit am Sall honoréiert gouf.

Als Ofschloss huet sech de Buergermeeschter Claude Gleis, selwer Member vun der Ierpeldenger Musek, alle Gléckwënsch am Numm vun der Gemeng ugeschloss. Hien huet verséchert, datt d‘Gemeng ëmmer fir all Uleies vum Veräin en oppent Ouer wäert hunn, sou wéi dat jo och bei der Realisatioun vum neie Musekshaus mat de grousse Proufsäll fir d’Musek an de Gesank däitlech zum Ausdrock bruecht gouf.

Encadréiert goufen déi eenzel Bäiträg duerch flott Interventioune vum Quintett de Cuivre et Percussion « Les BRASSeurs ».

Nodeems de grousse Gebuertsdagskuch vum Jean-Pierre Weidert an dem Fränz Jacobs ugeschnidde gi war, hunn alleguer d’Memberen an d’Éieregäscht nach e puer flott Momenter matenee verbruecht a sou munch Erënnerungen an Anekdoten ausgetosch.

Weider Punkte vum Anniversairesprogramm sinn de Chrëschtconcert am Centre Culturel (12.12.2021), Concerten vun der Ettelbrécker Musek (12.03.2022) an der Militärmusek (18.03.2022) souwéi dem Galaconcert „Happy Birthday“ (30.04.2022).

(Fotoen: Giovanni Ferigo)