Hämmelsmarsch zu Ierpeldeng

D’Musikantinnen a Musikante vun der Concordia Ierpeldeng hunn sech et och dëst Joer net huele gelooss, d’Ierpeldenger Kiermes mat hirem traditionellen Hämmelsmarsch ze verschéineren, an dëst trotz de besonneschen Ëmstänn, déi d’Joer 2020 mat sech bréngt. Fir datt all d’Leit aus der Uertschaft konnten heivu profitéieren, gouf am Virfeld e Video opgeholl an e Flyer gedréckt. Dorop fënnt een e Link an e QR-Code, déi et erlaben iwwer Internet Zougrëff op dëse Video ze kréien. Fir d’Membere vum Veräin war dat eng flott Initiativ, déi et hinnen erlaabt huet, sech e bëssen aus der laanger Isolatioun ze befreien, a gläichzäiteg hire Frënn eng Freed ze maachen. https://youtu.be/ixoiPykd7wQ