Concordia Ierpeldeng: Scheckiwwerreechung un d'Stëmm vun der Strooss

Generalversammlung vun der Concordia Ierpeldeng

Kierzlech hat d’Concordia Ierpeldeng hir Generalversammlung am neie Musekshaus. No der Begréissung duerch de President Fränz Jacobs war de Veräi frou, e Scheck an Héicht vun 1200 € un d’Associatioun «Stëmm vun der Strooss» kënnen ze iwwerreechen. Dës Suen waren duerch d’Quête beim leschte Chrëschtconcert an der Ierpeldenger Kierch zesummekomm. De John Ferigo, deen als Volontaire fir d’Associatioun aktiv ass, huet de Scheck an Empfang geholl an déi verschidden Aktivitéite virgestallt, mat Schwéierpunkt op de Restaurant Social, deen zënter kuerzem u fënnef Deeg an der Woch zu Ettelbréck fonctionéiert.

De Sekretär Yvon Kries huet de Rapport vun den Aktivitéite gemaach, déi no de Corona-Restriktioune vun de leschte Joren, endlech rëm de Wee an d’Normalitéit fonnt hunn, souwuel fir d’Musek, wéi och fir de Gesank an d’Jugendmusek. Och de Bilan vum Tresorier ass positiv ausgefall, wat virun allem och op déi generéis Ënnerstëtzung vun der Ierpeldénger Gemeng zréckzeféieren ass. Mam Gilbert Leider konnt och en neie Member am Comité begréisst ginn.

Fir de Syndicat d‘Initiativ huet de Laurent Lacour dem Veräi Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an de wichtegen Encadrement bei Geleeënheet vun de lokale Manifestatiounen. Och de Schäffe Romain Pierrard huet dem Gesank an der Musek seng Unerkennung am Numm vun der Gemeng ausgeschwat an d’Wichtegkeet vum kulturelle Liewen ënnerstrach, besonnescht a Krisenzäite, wéi mer se momentan hunn.

De Comité vun der Concordia setzt sech zesummen aus Fränz Jacobs, President, Yvon Kries, Sekretär, Jos Schmitgen, Tresorier, Mady Boes, Gilbert Leider, Vicky Mayer, Jos Metzler, Jill Mohnen, Lil Seyler, Sylvie Thull, Irène Welter. Dirigente sinn: Jean Gehlen (Gesank), Jean-Pol Meis (Musek) a Jeff Schiltz (Jugendmusek).