Den Alphonse Ries vun Uesweller krut 90 Joer


Säi 90. Gebuertsdag konnt den Alphonse Ries kierzlech am Krees vu senger Famill feieren. Invitéiert waren seng Kanner a Kandskanner mat hire Partner, seng zwou Urenkelinnen a weider enk Familljememberen a Frënn. Mä och de Schäfferot vun der Gemeng Rouspert-Mompech mat un der Spëtzt der Députée-Maire Stéphanie Weydert, a Vertrieder vun der Chorale Réunie Ste Cécile Rosport-Osweiler hunn sech et net huele gelooss, dem Jubilar hir Gléckwënsch ze iwwerbréngen. D'Gebuertsdagsfeier war verbonne mat engem gudde Mëttegiessen an e puer gemittlech Stonnen am Hotel-Restaurant Brimer um Grondhaff.