Scheckiwwerreechung vun de Buurschter Schoulkanner

No dem groussen Erfolleg, deen déi Buurschter Schoulkanner mat hirem Afrika- Musical „Kwela Kwela“ konnte feieren, ware si ganz houfreg, kënnen den Erléis dovunner fir noutleidend Kanner an Afrika ze spenden. Bei Geleeënheet vum Schoulfest gouf dofir e Scheck iwwer 1000 € un d’Associatioun „Soleil dans la main“ iwwerreecht. Well d’Eltervereenegung hirersäits dëse stolze Betrag nach eng Kéier verduebelt huet, konnten déi Responsabel vun der Associatioun séch iwwer en Don vun 2000 € freeën.