Kierchtuermspromenaden 20 - Dummeldeng: Industriegeschicht aus dem Guttland

Am Joer 1766 waren zu Dummeldeng 338 Leit agedroen an ëm 1800 ewell 400. Nom Gesetz vum September 1794 koum d’Duerf mat ënner aneren der Millebaach, Weimeschkierch a Beggen bei d’Gemeng Eech. A säit Juli 1920 gehéiert dës zur Stad Lëtzebuerg. Texter vun 1823 verroden, dass der Uelzecht hir Iwwerschwemmungen d’Dummeldenger Wise fruchtbar gemat an d’Glasburen hei 6 Mille gespeist hunn. D’Buchdrécker haten hei 1864 di éischt Gewerkschaft vum Land gegrënnt; se hu sech agesat fir bessere Loun a sollten no 8 Joer dann d’Erofsetze vun 11 op 10 Aarbechtsstonnen deeglech erreechen!

D’Schmelz Dummeldeng-Gréngewald hat als éischt am Land en Héichuewen; de Jean de Ryaville hat en tëscht 1609 a 1615 un d’Iechternacherstrooss gebaut. No verschiddenen Häre gouf 1777 den Dokter Charles Joseph Collart (+1812) hire Besetzer. No hirer Schléissung 1815 an där vum Hummerwierk, 42 Joer drop, koumen d’Eecher Schmelzhäre mat neie Projet’en. D’Häre Metz & Co. hunn 1865 eng Schmelz bei d‘Uelzecht, laanscht d'Schinne gebaut an dës hat bis zu véier mat Minette a Kocks bedriwwen Héichiewen. Bei der Eisebunnskatastrophe 1870 mat 12 Doudegen ware 35 Waggongen voll Minette a Koks bei der Gare an e Persounenzuch gerannt. D’Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck bestoung du grad emol 8 Joer.

Vun 1909 bis 1927 huet d’Metze-Schmelz den elektresche Stroum un d’Stad geliwwert... hir Gesellschaft goung 1911 an der Arbed op. Soe mer nach, dass d‘90m laang Dummeldenger Charly’s Bréck di éischt mat Déifferdenger Grey-Poutrelle war (nom Entworf vun der S.A. Paul Wurth vu 1902.)

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/dommeldange.html



Fotos: Archives LW (Anouk Antony, Guy Jallay, Guy Wolff, Luc Ewen, Marc Wilwert, Paul Hinger, Serge Waldbillig, Teddy Jaans)