Den Schnéi hält net laang - gréngen Chreschtdag en Vue,mée drechen !


Gudden Metteg alleguerten um Densden,den 20.12.2011 um 13.30 Auer.

Wéi viraus gesot,wann och beschen méi spéit angetraff wéi geplangt (Schnéifall hat geschter géint 23.30 Auer vun Westen hir angesaat),ass Letzebuerg iwer Nuecht waiss gin !
Et war bal esou wéi gesot gin war : Net iwerall sin 8 cm gefall - dest just am héichen Eisléck ! Een Meteo-Kollég aus dem héichen Norden op 512 Meter huet mir dat den Moien matgedéelt !

8 cm waren et bai him "do oawen",bai eis war d'Schnéiausbeute beschen méi mau mat z.B 3 cm hei zu Eechternach,an bis zu 5 cm um Waldhaff !
Och soss am Land waren 4-5 cm Neischnéi gefall !
Et goung duer fir d'Stroossen glaad ze maachen !

Haaptsaach d'Prévisioun ass an d'Reih gaangen an dass kéngem eppes geschitt ass !

+++Ursaach fir desen Schnéi war éen Nordséi-Déif mam Numm "LOUIS",dessen Waaremfront an séng "Okklusioun" iwer eis ewéch no Osten an Daitschland schwenkt.

Wéi dir secher schun gesin an gemiérkt huet,klammen hannert der Okklusioun d'Temperaturen erem un,sou dass schun sait 9.00 Auer den Schnéi an Réen iwergaangen ass ! Dat ass dem Schnéi sain Doud !
Spéitstens muer Moien ass nix méi vum Schnéi ze gesin - just am Eisléck kann dén sech nach méi laang halen,well et "do oawen" nach beschen méi kill ass an do méi éng héich Schnéidecken lait !

An der nexter Nuecht kann et nach mol alles wat bai ca.500 Meter héich lait am Eisléck nach beschen Schnéi dobai kommen - ech rechnen do nach mol mat bis zu 2 cm !

Déi nexten Nuecht lait den den Minimum bai den Temperaturen bai 0 bis +2°C !

Wéi gesot - alles an allem bleiwt et wiésselhaft an onbestänneg an um Freiden Owend,also virun Hellegowend....,zitt éng Kalfront iwer eis ewéch - dann kann et nach mol bai falenden Temperaturen iwer 300 bis 500 Meter mol nach beschen schneien !
Awer naischt Dramatesches laut aktuellem Software-Modell !

Héichdrock-Chreschtdag ouni Schnéi !!

Zweschen den Azoren an Portugal lait éen déckt Héich vun iwer 1030 hPa,wat un den Feierdéeg sech no West-an Mettel-Europa ausbréed - un den Festdéeg hun mir dann héichen Loftdrock vun iwer 1035 hPa !
Kéen Nidderschlaag en Vue un den Feierdéeg - wéinstens dat ! ;-)

Rouheg Chreschtdéeg stin un,wou éen och mol ouni Prabelli,mée och ouni Schlitt virun d'Dier kann gohen ! Sou gesait dat déi momentan Modell-Auswertung vun ménger Software !
Alles get gudd - och ouni Schnéi un den Festdéeg !

P.S. D'lescht Joer um Hellegowend haten mir 15-20 cm Schnéi am Land,dat ganzt Land war prächteg angeschneit an um 1.&2.Chreschtdag koum es nach dobai !
Zudém haten mir um 25.12.2010 éng Minimal-Temperatur vun minus 12,3°C an den 26.12.2010 suguer minus13,5°C an den Nuechten an den fréihen Moiesstonnen !

Wehnert Achim - Eechternoach.