Nei Hetztwell en Vue - bis zu +36°C um Freiden !

Gudden Metteg alleguerten nach mol um Méinden,den 29.7.2013 um 12.10 Auer.

Hei follegt elo mol nach éen kléngen Update an Saachen Maximal-Werter déi eis déi kommend Déeg ab Mettwoch erwaarden,wou et mat all Dag emmer méi warem get ! Warem ass schun kéen Ausdrock méi - et get tropesch warem,an warscheinlech nach méi warem wéi leschten Samsden,wou jo bis zu +35°C erréecht gin waren !

Wat geschitt an der Atmosphär déi nexten 4 Déeg ?? Nun :

Elo ass et mol nach beschen méi kill - an profitéiert onbedéngt dovun,well ab Donneschten get et brüllend warem,aneschters kann éen dat net soen - an et schéngt,wéi wann den Freiden dén wärmsten Dag vun der Woch get,jé nodém wéi den Samsden sech entwéckelt mat eventuellen Wiéderen !? (?)......

Mée molder Reih no : Dir wesst jo,ech sin un méng Software gebonnen,déi méeschtens éng kloer Sprooch schwetzt :

Anhand vun den Falschfaarwen kann ech den Temperaturtrend-an Entwécklung op méngem Bildschiirm verfollegen,an déi verhéescht Hetzt an Form vun ganz donkelrout an eiser Regioun den Donneschten an Freiden....,mée wat héescht dat elo genau ?

Ma et ass éng nei Hetztwell en Vue ab Donneschten,déi sech lues an lues schun ab Mettwoch bemiérkbar mecht ! Am Détail héescht dat Folgendes :

Een neit Héich mam Numm "ANTONIA" etabléiert sech vun den Azoren an Richtung Osteuropa,wou et ab Donneschten därft unkommen ! Westlech-nordwestlech virun der Küst vun Irland zitt éen kléngt Stuurmdéif ab Donneschten séng Kréesser...,sou könnt dann éng südlech Stréimung an Gang,déi eis ab Donneschten hei zu Letzebuerg ferem anhetzten an et an sech huet !

Vum killen Ufer zeréck an den Baackuewen.....

Haut wéi gesot maximal +25°C - Densden idem,wou et nach liicht wiésselhaft bleiwt - dann fänkt alles un aus Süden.....éen Südstroum aus Nord-Afrika verwandelt Letzbuerg an éng Art schwéeßdreiwend Zéeer !

Bis zu +36°C méiglech.....

Unfänglech sin um Mettwoch bai éngem lockeren Sonn-Wolléken Mix bis zu +27,villaicht och schun +28°C dran - um Donneschten kennt den Hetzt-Hummer no Letzebuerg mat bis zu +33°C - um Freiden ass dann durch dén sech verstärkenden Süd-Stroum éng Maximal-Temperatur vun ganz dompeschen an schmeier warmen +36°C warscheinlech !

Vun dénen +37°C well ech elo mol nach net schwetzen,ass awer lokal durchaus méiglech an net auszeschléissen......,dat wier dann éen direktenen Bonjour aus dem Hetzt-Uewen,der Sahara - och schun bai +36°C !

Iwer d'Mettelmiér muss déi Loftmass,an folglech ass déi och mat vill Fiichtegkéet ungeraichert,wat dann typesch ass fir déi ellen dompesch Hetzt,déi sech bis Samsden bai eis bréed mecht !

Et gelt nach mol ze leften (wat dir jo souwiesou maacht) haut an muer mat dénen aktuellen méi angenehmen Temperaturen,ab Donneschten sin erem locker Kléedung,Klima-Anlaagen an kal Gedrénks éen Must !

Ech soen éech : Den Sahara-Hummer hellt ganz wait aus fir no eis ze fachen an deser Woch....sidd gewarnt !

Ob sech dann och érem durch déi fiichtwarem Hetzt nei Wiéderen (??) forméieren wärten um Weekend,kann elo nach net gesot gin....,déi weider Entwécklungen wärten dat awer weisen an schécken éech bai Bedarf wéi gewinnt éng Onwiéder-Warnung eran !

Mellen mech dann nach mol um Mettwoch,iér den Hetzt-Hummer zouschléet !

Foto Achim : Maiko Gierend Prümzurlay/Irrel (D)

Wehnert Achim - Eechternoach.