Next Woch kennt d'Fréihjoer ! 15-20°C sin spéider dran !

Gudden Metteg alleguertenum Donneschten,den 4.4.2013 um 19.30 Auer.

Ech wollt éech um Enn vun der Woch nach d'Zong beschen laang maachen,well d'Zéechen stin ab nexter Woch op Fréihjoer !!

Ech hun méng Software ausgewert,wou ech anhand vun den Falschfaarwen fir déi next Woch fréihjoersméisseg Temperaturen ausmaachen konnt !

Ech hat éech jo schun mol Undeitungen gemaach sait puer Déeg vum 1.Abrell un,dass sech d'Wiéderlaag an der neier Woch grondléegend emstellt !

Mée bis zum Samsden an Sonnden ass nach emmer Bibberwiéder ungesot,och wann um kommenden Sonnden schun Werter,wéi och haut,+8 bis +10°C méiglech sin ! Bis dohin och weider liichten Nuetsfrascht !

Um Samsden wieren nach mol laut den Modeller liicht Schnéischaueren méiglech ?!

Mée muer Freiden an iwermuer um Samsden erleiden d'Maximalwerter nach éen kléngen Dämpfer,well den Wand op nördlech Richtungen dréiht an soumat nach emmer Polarloft op Letzebuerg fléisst,wou dann just bis zu +5 oder +6°C dran sin !

An dann.....Fréihjoersloft um Unmarsch !! Emstellung vun der Wiéderlaag,well sait laangem dréiht den Wand dann lues an lues op süd-südwestlech Richtungen an bréngt an Staffelen emmer méi warem Loft op Letzebuerg !


Zweschen éngem Héich iwer Osteuropa an éngem Déif iwer dem Ost-Atlantik wat dann am weideren Verlaaf ui den Briteschen Inselen zitt,gin aus Südwest-Europa an vum Mettelmiér hir Loftmassen subtropeschen Ursprongs no Letzebuerg erun geféihert !
Hei den viraussiichtlechen Temperatur-Verlaaf ab nexten Méinden,dem 8.4.bis zum Sonnden,den 14.4. :

Bildquell : Maiko Gierend - Prümzurlay/Irrel (D)

Méinden +10°C - Densden an Mettwoch +12 bis +13°C - Donneschten +15°C - Freiden +17°C - Samsden an Sonnden bis +20°C ! (Liicht Änerungen méiglech durch Software-Update am 6-Stonnen Ofstand).

An der nexter Woch hellt den Nuetsfrascht dann of an och nuets kréien mir daitlech Pluswerter ! Nix méi mat Ost-Nordost-Wand !

Also...ech hat et schun laang unkekönnegt - d'Fréihjoer ass net méi opzehalen,zumols wat d'Maximalwerter wéi uewen beschriwen unbelaangt ! Op et elo déi kommend Woch dobai total drechen bleiwt oder op sech durch dat Déif bai den Briteschen Inselen och Réen dozou gesellt,muss ofgewaard gin - diesbezüglech ass et nach ze fréih fir do zu 100% verléisslech Aussoen ze maachen !

Huet wgl Verständnis dofir ! Merci !

Mée egal wéi,d'Natur wärd éen daitlechen Sprong no uewen maachen an Saachen Blidden an Wuestum ! Endlech méi warem soen elo vill Leit vun éech,gell !?

Et get awer och esou lues Zait,well bis den 1.Mée ass et net méi laang,nach 3 Wochen - soss get et kéen Méekranz !
Déi kal Déeg sin soumaten définitiv geziélt - dir wärd gesin,vill Leit wärten sech am Verlaaf vun der neier Woch froen : "Wou kennt dann déi Wiérmt op éemol sou schnell hir"?!

Ma ganz einfach.......aus dem Süden an Südwesten vun Europa !!

Schinnen Weekend éech alleguerten an bis den Méinden dann,wou ech nach mol ganz détailléiert op déi kommend waarem Déeg angin !

Wehnert Achim - Eechternoach. :-)