Weiderhin wiésselhaft,onbestänneg an lefteg !

Gudden Metteg alleguerten um Samsden,den 29.12.2012 um 13.45 Auer.

Tjo….den Réen ass laangscht an Zweschenhéichanfloss huet sech bréed gemaach wéi dir gesin könnt ! Nodéms geschter nach mol 2 Liter/m² Réen gefall sin (ech sot jo dass net méi vill Réen en Vue wier fir geschter),klärt et elo am Dag emmer méi op – mée et ass leider wéi schun mol gesot net fir ganz laang,well den Loftdrock fällt schun erem,wat op éng nei Front schléissen léisst,wou Réen net ausbleiwt um Sonnden !

Mée kéng Panik,grouss Quantitéiten sin net (!) ze erwaarden ! :-) An soumat falen d’Pegelen dann erem lues an lues erof iwer den Weekend !

Wéi gesot sin haut bis zu +10°C dran,muer um Sonnden liicht méi kill bai maximalen +8°C !

Wiéderlaag : Een mächtegt am emfangraicht Orkandéif mam Numm „TINA“ huet sech angenistet bai Island an sain Drock am Kär bedréet mettlerweil déif 950 hPa,fällt awer nach wieder bis op ca.945 hPa erof ! Um Sonnden ass dofir och iwer Schottland mat Stuurm an Orkan ze rechnen !

Dem „TINA“ séng Kalfront bréngt eis ab dem spéiden Owend och erem Réen,awer vun liichter Natur,sou wéi och um Sonnden !
Hannert der Kalfront killt et beschen méi aus ! Den Wand kann ab dem spéiden Owend och 50-60 km/h erréechen - am Eisléck iwer 450-500 Meter och bis zu 75 km/h ! Eenzel stiirmesch Böen net ausgeschloss ! Alles dat aus südwestlecher Richtung,déi weiderhin stramm ausgeprägt ass an wou mir schun sait Déeg dran leien !
Soulaang d’Wandrichtung Südwest-West ass,kann et net Wanter gin !

***An der Silvesternuecht vum 31.12.2012 op den 1.1.2013 fällt den Queckselwer erof bis op +3°C…..,am Eisléck suguer bis op +2°C ! Waarem undoen démno – zumols wou den Wand och nach Spetzten bis zu 50 km/h aus SW erréechen kann !***

Och un ***Silvester an dem Neijoer*** mussen mir eis op wiésselhaft an onbestännegt Wiéder gefaasst maachen,wou den Prabelli gebraucht get,zumols um 1.Januar 2013 !
Um 1.1. ass suguer erem d’Méiglechkéet gin,dass sech beschen méi kill Polarloft iwer Letzebuerg bréed mecht,wou speziell am Eisléck mettes an owes beschen Schnéi méiglech ass – mée och do gin et kéng westentlech grouss Quantitéiten,allenfalls éen Flom Schnéi ganz am Norden vum Land !

Weider Aussiichten :

No den Feierdéeg gesait et dono aus,wéi wann sech op éen Neits géif héichen Loftdrock duurchsetzen – dann wier éen Azorenhéich,wou den Loftdrock vun Frankraich hir erem ab dem 2.1.2013 op bal 1030 hPa – um 3.1.2013 op iwer 1035 hPa géif klammen,wat dann dank dem Héichdrockanfloss erem liichten Nuetsfrascht géif bréngen !?

Op dat esou antrefft,dat kucken mir dann no Neijoer !

Aktuellen Barometerstand um 14.10 Auer : 1014,0 hPa --- Tendenz liicht falend !

Sou – dann feiert schinn un Silvester an Neijoer an kommt gudd an gesond an dat neit Joer eran - mat allen Wönsch an Virstellungen wou dir éech virgeholl huet !
Ech perséinlech hun mir virgeholl nach besser Prévisiounen ze maachen!

Sou….maacht et gudd an bis am neien Joer dann ! ;-)

P.S. A propos Héich-an Déifdrockgebitter : Ab 1.1.2013 kréien mir Männer erem d’Nimm vun Déifdrockgebitter zougeschoustert,an d’Fraen kréien d’Nimm vun Héichdrockgebitter – dat wéinst der Glaichberechtegung ! An sou ännert dat dann emmer vun Joer zu Joer,dann kann kéen soen,weder männlech oder weiblech,dass sie benodéelegt wieren an d’Schold fir schlecht Wiéder kréien ! ;-)

Wehnert Achim – Eechternoach. :-)